Dokumente herunterladen

Dokumente zum Herunterladen
X
LEAFLET FOR DOWNLOAD
Dépliant vun der Formatioun
Startseite // Studiengänge // FLSHASE // Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"

Formation continue "Lëtzebuerger Sprooch a Kultur"

Am Labo fir lëtzebuergesch Sprooch a Literatur ( Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises ) vun der Universitéit Lëtzebuerg gëtt och am Wantersemester 2012 erëm d'Formation continue ‚Lëtzebuerger Sprooch a Kultur’ (LSK) ugebueden.

An dëser Formatioun gëtt Léierpersonal fir Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener aus- a weidergebilt. D’Nofro no Lëtzebuergeschcoursë fir auslännesch Matbierger an domat och no qualifizéierten Enseignantë gëtt an der multikultureller Gesellschaft vu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss. D’Bestriewungen, de Status vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch ze festegen, verstäerken dës Demande nach méi.

Op dem heite Site sinn Informatiounen iwwert de Programm vun der Formatioun (och de virleefege Stonneplang fir d'éischt an d'zweet Semester), d'Équipe d'Enseignants an iwwert d' Aschreiwung  ze fannen.

  • Dauer vun der Formatioun : 1 Joer (2 Semester)
  • Zäit: freides, tëschent 4 a 6 Stonnen (Volume insgesamt: 120 Stonnen)
  • Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn : Premièresexamen (BAC), mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen
  • Kandidatur: eng schrëftlech Demande. Déi heiten Dokumenter gi verlaangt:
    • 1. certifiéiert Kopie vum Premièresdiplom,
    • 2. Lettre de Motivation op Lëtzebuergesch, an deer d’Kompetenzen, d’Experienz an d’Virstellungen am Kader vu ‚Lëtzebuergesch als Friemsprooch’ virgestallt ginn,
    • 3. evtl. weider Dokumenter (z.B. Universitéitsdiplom, Zwëscheprüfungscertificat, aner Certificaten).
    D’Inscriptioun gëtt iwwert den Internet beim ‚ Service des Études et de la Vie Étudiante’(SEVE) gemaach ( 1. Juni - 31. August 2012 ). Och d’Dossiere mat der Demande mussen un de SEVE geschéckt ginn.
  • Maximum u Kandidaten : 20
  • Sproochen, an deenen d’Formatioun ofgehale gëtt : Lëtzebuergesch, Däitsch
  • Ofschloss:  Wann d’Exame mat Succès ofgeschloss gi sinn, gëtt e Certificat ausgestallt.

(aktualiséiert: 06.03.2012, pg)

Studiendirektor

Peter Gilles

Kontakt

Pedro Mendes