Master en langues, cultures et médias - Lëtzebuerger Studien (académique)
Programm: Inhalter, Evaluatioun a Sproochereegelung
D’Inhalter vum Master si konkret an dräi Kärberäicher organiséiert:
-
Sproochwëssenschaft
Vermëttlung vu linguisteschen a soziolinguisteschen Analys- a Beschreiwungsmethoden applizéiert op d’Lëtzebuergescht an déi lëtzebuergesch Sproochesituatioun: Beschäftegung mat de sproochleche Strukturen, der Sproochgeschicht a -standardiséierung, mat der Méisproochegkeet, Sproochkontakt a Code-switching a mat der Sproochepolitik. -
Literatur
Theorien, Konzepter a Methode vun der Literaturwëssenschaft an hir Relevanz fir d’Lëtzebuergescht: Analys an Interpretatioun vun der lëtzebuergescher Literatur an hire sozialen, politeschen, historeschen an institutionelle Kontexter. Ënnersicht gi literaresch Zeien a verschiddene Sprooche vun 1815 bis haut. Doriwwer eraus gehéiert och d’Geschicht vu Lëtzebuerg an dëse Kärberäich. -
Medien- a Kulturwëssenschaften
Une sensibilisation à la manière dont la culture vit à travers le vaste univers des médias, une étude de leur fonctionnement et de leur efficacité. Un aperçu du panorama médiatique luxembourgeois, avec des rencontres avec les protagonistes du monde de la culture, de l’art et de l’information.








