Diesen Bericht teilen:
Veröffentlicht am Montag, den 30. März 2015
Zesumme mat der Landakademie organiséiert d’Uni Lëtzebuerg dräi Virtreeg am Kader vun “Uni iwwer Land” mam Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling. Den éischten Rendez-vous ass den Mëttwoch, 25. März
Am Virfeld vum Referendum vum 7. Juni get eng wëssenschaftlech Analyse vun deser wichteger Initiativ proposéiert. D’Rendez-vous ën sind den Mëttwoch, 25. März an der Biekerecher Millen, den Mëttwoch 1. Abrëll an der Däichhal zu Ettelbréck, den Mëttwoch, 22. Abrëll am Festsall um Scheedgen an den Mëttwoch, 29. Abrëll zu Diddeleng Op der Schmelz, all Kéier um 19 Auer owes.
Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 sinn d'Lëtzebuerger Wieler opgeruff, hir Meenung zu dräi Froen zur Verfassung auszedrécken: iwwer d'Walrecht mat 16 Joer, d'Walrecht bei de Chamberswalen fir Net-Lëtzebuerger ënnert gewësse Konditiounen, an iwwer d'Limitatioun vun de Ministermandater op 10 Joer. Dës wichteg Froe sinn net ouni eng gewësse verfassungsrechtlech Komplexitéit. Et muss een si en plus an de Kader vun der Reform vun der ganzer Verfassung stellen, déi deene meeschte Leit net bekannt ass.
Hei soll ënnert anerem op dës Froën geäntwert ginn:
- Iwwer d'Reform vun der ganzer Verfassung: Wat sinn d'Enjeuen? Wéi eng Plaz hunn dës dräi Froen am Kader vun dëser globaler Reform?
- Iwwer d'Prozedur vum Referendum: Wéi e Stellewert huet de Referendum an der Revisiounsprozedur vun der Verfassung? Iwwer déi dräi Froen vum Referendum: Wéi ass den exakten Sënn vun jiddwer Fro? Wéi eng sin am Fong déi wichtegst Grënn dofir an dogéint?
Foto: Luc Heuschling, © Université du Luxembourg - Michel Brumat
|