Startseite // Universität // Aktuelles // Diashow // Neuer Bachelor in Luxemburgischen Sprach- und Literaturwissenschaften

Neuer Bachelor in Luxemburgischen Sprach- und Literaturwissenschaften

twitter linkedin facebook email this page
Veröffentlicht am Freitag, den 01. April 2022

Die Universität Luxemburg wird ab September 2022 einen neuen Studiengang in luxemburgischer Sprach- und Literaturwissenschaft im Rahmen des Bachelorstudiengangs Europäische Kulturen anbieten. Die Einschreibungen für den neuen Studiengang laufen von 1. April bis 1. Juni.

Artikel op Lëtzebuergesch liesen↓

 

Ein Studiengang, der den Unterricht der luxemburgischen Sprache und Literatur an der Universität Luxemburg verankert

Der Bachelorstudiengang Europäische Kulturen - Luxemburgische Sprach- und Literaturwissenschaften (BCE-LUX) bildet die Studierenden in den grundlegenden Bereichen der luxemburgischen Philologie aus. Das Programm bietet eine reiche Auswahl an Kursen zu den Strukturen der Sprache (Orthographie, Grammatik, Syntax, Morphologie), zu ihrer Geschichte und Sprachenpolitik, sowie zur Geschichte der mehrsprachigen Literatur, ihren ästhetischen Praktiken und Vermittlungsmechanismen. Der Lernprozess wird durch die Einbeziehung der Studierenden in die Reflexionen über theoretische, didaktische und methodische Ansätze verstärkt. Um den Studierenden die Orientierung bei der späteren Berufswahl zu erleichtern, sieht das Programm zwei Praktika von jeweils drei Wochen vor, die entweder im Bildungswesen oder in kulturellen Einrichtungen in Luxemburg absolviert werden können.

Eine mehrsprachige Ausbildung, die die luxemburgische Sprache und Literatur in die europäischen Kulturen einbettet

Das Programm in luxemburgischen Sprach- und Literaturwissenschaften ist ein integraler Bestandteil des Bachelor in Europäischen Kulturen (BCE). Der BCE kombiniert ein gemeinsames Curriculum in Europäischen Kulturen (ein Drittel des Programms) mit einem Spezialisierungscurriculum (zwei Drittel des Programms) entweder in English Studies, Études françaises, Germanistik, Geschichte oder Philosophie. Der neue Studiengang stellt somit die sechste vom BCE angebotene Spezialisierung dar. In Kombination mit dem gemeinsamen Curriculum führt der neue Studiengang zu einer Bachelor-Qualifikation mit einer vollständigen Spezialisierung ("Major") in luxemburgischen Sprach- und Literaturwissenschaften.

Das BCE ist ein viersprachiger Studiengang (Deutsch, Englisch, Französisch und Luxemburgisch), der aktiv die Mehrsprachigkeit und das Code-Switching zwischen den Sprachen fördert. Als interdisziplinärer Studiengang, der sich mit den europäischen Kulturen befasst, lädt das BCE die Studierenden dazu ein, verschiedene Disziplinen und Sprachen miteinander zu verbinden. Ein obligatorisches Mobilitätssemester im Ausland bietet den Studierenden die Möglichkeit, ihre Kenntnisse der europäischen Kulturen zu erweitern.

Eine Ausbildung, die den sprachlichen Anforderungen des Arbeitsmarktes und den Bedürfnissen des Kulturbereichs gerecht wird

Die Nachfrage nach qualifizierten und diplomierten Lehrkräften für die luxemburgische Sprache steigt seitens privater Sprachschulen, Verbände und privater Unternehmen stetig an. Die Ausbildung kommt diesem Bedarf entgegen, indem sie eine fundierte Ausbildung im Bereich der luxemburgischen Sprache sowie die für ihren Unterricht erforderlichen didaktischen Fähigkeiten und Kenntnisse vermittelt.

Die kulturelle Institutionalisierung und die Dynamisierung des literarischen Feldes führen zu einer Nachfrage nach Personen, die im Bereich der luxemburgischen Kultur ausgebildet sind und über gute Kenntnisse des Fachs, des Terrains, der Institutionen und der Akteure verfügen. Kurse, Praktika und die Zusammenarbeit mit Institutionen gewährleisten den Erwerb von Fachwissen und Kompetenzen im Bereich der Vermittlung der luxemburgischen Kultur.

Weiterführende Studien nach dem BCE-LUX?

Das BCE-LUX ermöglicht den Zugang zu Masterstudiengängen an der Universität Luxemburg und im Ausland.

Darüber hinaus bietet es Zugang zum Masterstudiengang Enseignement Secondaire - Filière langue et littérature luxembourgeoises, der an der Universität Luxemburg angeboten wird. Dieser Masterstudiengang qualifiziert für den Unterricht im luxemburgischen Schulsystem.

Sprachliche Voraussetzungen

Für die Zulassung zum Studiengang sind sehr gute Kenntnisse der luxemburgischen Sprache (C1) sowie gute Kenntnisse in Deutsch, Englisch und Französisch (B2) erforderlich.

 Studienleiterin: Prof. Jeanne E. Glesener

Weitere Informationen: bce.luxemburgistik.uni.lu

 

Lëtzebuergesch Versioun

Nei Filière « Lëtzebuerger Linguistik a Literatur » am Bachelor en Cultures Européennes

D’Uni Lëtzebuerg bitt vu September 2022 eng nei Filière am Beräich Lëtzebuerger Linguistik a Literatur am Kader vum Bachelor en Cultures Européennes un. Umeldungen fir de neie Cours sinn op vum 1. Abrëll bis den 1. Juni.

Eng Formatioun, déi den Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur op der Uni Lëtzebuerg weider verankert

De Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur (BCE-LUX) forméiert d’Student.innen an de grondleeënde Beräicher vun der lëtzebuergescher Philologie. De Programm bitt eng räich Villfalt u Coursen un, iwwer d’Strukur vun der Sprooch (Orthografie, Phoneetik, Syntax, Morphologie), der Sproochgeschicht a -politik, wéi och iwwer d’Geschicht vun der méisproocheger Literatur, hiren ästheetesche Virgoensweisen an hirer Vermëttlung. De Léierprozess gëtt duerch d’Participatioun vun de Student.innen u Reflexiounen iwwer theoreetesch, didaktesch a methodesch Usätz verstäerkt. Fir de Student.innen eng Orientatioun fir hire spéidere beruffleche Parcours ze erméiglechen, gesäit de Programm zwee Stagen vun dräi Wochen, entweeder am Enseignement oder an enger kultureller Institutioun zu Lëtzebuerg, vir.

Eng méisproocheg Formatioun, déi d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur innerhalb vun den europäesche Kulture situéiert

De Programm an der Lëtzebuerger Linguistik a Literatur ass integrale Bestanddeel vum Bachelor en Cultures Européennes (BCE). De BCE kombinéiert e gemeinsame Curriculum an de Cultures Européennes (een Drëttel vum Programm) mat engem Curriculum an enger Spezialisatioun (zwee Drëttel vum Programm) an den English Studies, den Etudes françaises, der Germanistik, der Geschicht oder der Philosophie. Déi nei Filière ass lo déi sechst Spezialisatioun, déi am BCE ugebuede gëtt. A Kombinatioun mam gemeinsame Curriculum féiert déi nei Filière zu enger Bachelor-Qualifikatioun mat enger kompletter Spezialiséierung an der Lëtzebuerger Linguistik a Literatur.

De BCE ass eng véiersproocheg Formatioun (op Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch), déi aktiv d’Méisproochegkeet an de Code-switching ënnerstëtzt. Als interdisziplinäre Studiegang, dee sech mat den europäesche Kulturen ausernanersetzt, invitéiert de BCE d’Student.inne verschidden Disziplinnen a verschidde Sproochen ze verbannen. En obligatorescht Auslandssemester gëtt de Student.innen d’Méiglechkeet, hiert Wëssen an de Cultures Européennes ze verdéiwen.

Eng Formatioun, déi der Demande vun de Sproochen um Aarbechtsmaart an de Besoine vum Kultursecteur entsprécht

D’Nofro vun de private Sproocheschoulen, den Associatiounen an de privaten Entreprisen no qualifizéierten an diploméierte Lëtzebuergesch-Enseignanten wiisst stänneg. Dës Formatioun entsprécht dës Besoine vum Aarbechtsmaart, andeems se eng fundéiert Formatioun am Beräich vun der lëtzebuergescher Sprooch, souwéi dem didakteschem Wëssen a Kompetenzen ubitt

D'Institutionaliséierung vum Kulturberäich souwéi d'Dynamiséierung vum Literaturfeld féieren zu enger Nofro u Persounen, déi am Beräich vun der Lëtzebuerger Kultur ausgebilt sinn, a gutt Kenntnisser an dësem Beräich, vum Terrain, vun den Institutiounen an den Acteuren hunn. Coursen, Stagen an d‘Zesummenaarbecht mat Institutiounen maachen d‘Acquisitioun vu spezialiséiertem Wëssen a Kompetenzen fir d'Mediatioun vun der Lëtzebuerger Kultur méiglech.

Seng Studien nom BCE-LUX fortsetzen?

De BCE-LUX erméiglecht den Zougang zu Masterstudiegäng op der Uni Lëtzebuerg an am Ausland.

De BCE-Lux erméiglecht och den Zougang zum Master en Enseignement Secondaire – Filière Lëtzebuerger Sprooch a Literatur, deen op der Uni Lëtzebuerg ugebuede gëtt. Dëse Master bereet d’Student.innen op den Enseignantsberuff am lëtzebuergesche Schoulsystem vir.

Sproochkompetenzen

Fir an de Programm opgeholl ze ginn, sinn e ganz gudden Niveau am Lëtzebuergeschen (C1) souwéi gutt Sproochkompetenten am Däitschen, Engleschen a Franséischen (B2) néideg.

Studiendirektesch: Prof. Dr. Jeanne E. Glesener

Fir méi gewuer ze ginn: bce.luxemburgistik.uni.lu